Haaptsäit
Wëllkomm op der Wikipedia op Lëtzebuergesch!
Am Moment gëtt et 68.176 Artikelen an 123 aktiv Benotzer, an all Mount kommen Dosenden nei Artikelen derbäi.
Jidderee kann hei matmaachen – och Dir!
Aktuelle WikiProjet: Buergermeeschteren
Wousst Dir schonn, datt…
- … all Joers vun der Asbl natur&ëmwelt e „Vull vum Joer“ ausgeruff gëtt, fir op eng bedreet Vullenaart zu Lëtzebuerg opmierksam ze maachen?
- … nach 100 Joer nom Doud vum Prënz Henri vun Oranien-Nassau, him zu Éieren eng Eech am Gréngewald geplanzt gouf?
- … een, fir ee Kilo Safran-Stempelen ze gewannen, 80.000 bis 150.000 Bléie brauch?
- … de Staatsarchitekt Charles Arendt 1900 proposéiert hat, um Glacis eng neigotesch Kathedral mat Plaz fir bis zu 3.000 Leit ze bauen?
- … de Puck 1877 vum William Fleet Robertson erfonnt gouf, andeems en einfach zwou Tranchë vun engem Vollgummisball uewen an ënnen ewechgeschnidden hat?
Artikel vun der Woch

D'Muerbelsmillen ass eng fréier Millen a Moschterfabréck am Pafendall, wou tëscht 1922 an 1985 Moschter fabrizéiert gouf.
D'Mille gouf an engem Dokument vun 1123 „Klouschtermillen“ genannt. 1501 gouf se fir d'éischt mat hirem Numm „Muerbelsmillen“ an engem Dokument ernimmt. Den Numm "Mohrfels" wier op déi schwaarz Fielswand vis-à-vis vun der Millen zeréckzeféieren.
Nodeems se no der Belagerung vun de franséischen Truppe eng Zäitchen zou war, goung se 1705 erëm als "Daubemillen" op. Vu 1763 bis an d'19. Joerhonnert era war d'Famill Printz neie Piechter, sou datt d'Millen ewell "Printzemille" genannt gouf. Nodeems s'am 19. Jh. e puermol de Proprietär oder Piechter gewiesselt hat, waren tëscht 1885 an 1919 den Nicolas Kieffer an den Nicolas Joachim déi lescht Mëller, déi do Käre gemuel hunn. Dono gouf, vun 1922 bis 1985, an der Mille Moschter gemuel a konditionéiert.
2010 gouf d'Millen, déi zanter der Mëtt vun den 1980er Joren eidel stoung, vun der Stad Lëtzebuerg opkaf a mam Haus niewendrun a Studentewunnengen ëmgebaut... > méi

Op engem 9. November
- 1799: Coup d'État vum 18. an 19. Brumaire: De Napoleon setzt a Frankräich dem Regime vum Directoire en Enn.
- 1888: Gebuert vum franséische Politiker Jean Monnet.
- 1907: De lëtzebuergesche Politiker a Schrëftsteller Pierre Grégoire gëtt gebuer.
- 1914: Déi éisträichesch-US-amerikanesch Schauspillerin an Erfinderin Hedy Lamarr kënnt op d'Welt.
- 1918: De Keeser Wilhelm II. trëtt zeréck; d'Weimarer Republik gëtt an Däitschland ausgeruff.
- 1938: "Reichskristallnacht": Dausende Synagogen a jiddesch Geschäfter ginn an Däitschland zerstéiert, eng 400 Leit kommen dobäi ëm.

Trabi BZ: Mauer ass op - 1970: Doud vum franséische Generol a Staatspresident Charles de Gaulle.
- 1989: D'DDR mécht d'Grenzen zu Westdäitschland op. Honnertdausende vu Leit kënne fir d'éischt Kéier no 28 Joer an de Westen.
Kierzlech Verstuerwen

- ≤ 9. November: Jean-Claude Asselborn (Jean Sorrente), lëtzebuergeschen Auteur.
- 6. November: Sebastián Lelio, chileenesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- ≤ 6. November: Fred Becker, lëtzebuergesche Moler a Galerist.
- 4. November: Hubert Aiwanger, däitsche Politiker, Tinto Brass, italieenesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 3. November: Janosch, däitsche Kannerbuchauteur a Schrëftsteller.
E Bléck op…

Architekt: Sosthène Weis.
Aner Wikimediaprojeten
Meta-Wiki– Koordinatioun
Commons– Medien
Wiktionnaire – Dictionnaire
Wikibooks – Léierbicher
Wikiquote – Zitater
Wikiversity – Léierplattform
Wikisource – Quellen
Wikinews – Noriichten
Wikidata – Wëssensdatebank
Wikivoyage – Reesguiden
MediaWiki – MediaWiki-Software
Wikispecies – Datebank fir Liewewiesen
Wikifunctions – Funktiounsbibliothéik
