Haaptsäit
Wëllkomm op der Wikipedia op Lëtzebuergesch!
Am Moment gëtt et 68.235 Artikelen an 107 aktiv Benotzer, an all Mount kommen Dosenden nei Artikelen derbäi.
Jidderee kann hei matmaachen – och Dir!
Aktuelle WikiProjet: Buergermeeschteren
Wousst Dir schonn, datt…

- … et vun enger vun de sëllege Publikatiounen, déi de Kim Jong-il als Auteur uginn, eng lëtzebuergesch Iwwersetzung gëtt, nämlech Déi historesch Lekzioun vum Opbau vum Zozialissem an déi allgemeng Linn vun onser Partei?
- … den Alphonse Kemp 1911 e Projet virgestallt huet fir d'Uelzecht an engem Tunnel ënnert dem Rummplateau erduerch ze féieren?
- … den Ausdrock „op Mechele goen“ (fir „déi lescht Trompkaart auszespillen“) op de Grousse Rot vu Mechelen zeréckgeet, déi iewescht Geriichtsinstanz an de Burgundeschen, Spueneschen an Éisträicheschen Nidderlanden?
- … e Lëtzebuerger den éischte President vun der Assemblée parlementaire de la Francophonie war, enger Organisatioun déi sech aus franséischsproochege Regierungen oder interparlamentareschen Organisatiounen zesummesetzt?
- … d'Olympesch Spiller vun 1916 engersäits an 1940 an 1944 op där anerer, wéinst dem Éischten, resp. dem Zweete Weltkrich annuléiert goufen?
Artikel vun der Woch

Déi al Sauerbréck zu Iechternach ass eng Boubréck mat 4 Béi, mat de Spanwäite vu lénks op riets 14,00 m - 28,10 m - 12,50 m - 13,30 m. Si féiert iwwer d'Sauer a verbënnt déi lëtzebuergesch N11 zu Iechternach mat der däitscher L1 zu Iechternacherbréck, an doriwwer eraus mat der B257 / E29. Hir laang Geschicht reecht bis an d'Réimerzäit zeréck. Urkundlech gouf d'Bréck eng éischt Kéier am Joer 1296 ernimmt.
Déi aktuell Grenzbréck gouf déi de 5. Januar 1950 ageweit, nodeems se géint Enn vum Zweete Weltkrich gréisstendeels zerstéiert an duerno nees opgebaut ginn ass. 1980 gouf d'Bréck eng éischt Kéier sanéiert, weider Entretiensaarbechte goufen 1986 gemaach.
Dat fréiert Douaneshaischen op der lëtzebuergescher Säit war géint 1920 no engem Plang vum Dikrecher Bezierksingenieur Léon Suttor opgeriicht ginn... > > méi

Op engem 23. November

- 912: Gebuert vum Otto I., ostfränkesche Kinnek an éischte Keeser vum Hellege Réimesche Räich.
- 1862: De belsche Moler Théo Van Rysselberghe gëtt gebuer.
- 1876: De spuenesche Komponist Manuel de Falla kënnt op d'Welt.
- 1887: Gebuert vum englesche Schauspiller Boris Karloff.
- 1888: Den US-amerikanesche Komiker a Schauspiller Harpo Marx gëtt gebuer.
- 1912: De lëtzebuergesche Geeschtlechen, Bëschof an Äerzbëschof Jean Hengen kënnt op d'Welt.
- 1945: D'Regierung vun der Befreiung gëtt zu Lëtzebuerg vereedegt.
- 1980: Bei engem Äerdbiewen a Kampanien kommen 3.114 Leit ëm d'Liewen.
- 2003: Doud vum lëtzebuergesche Politiker Johny Lahure.
Kierzlech Verstuerwen

- 11. November: Jean-Claude Schanen, lëtzebuergesche Lokalpolitiker.
- 10. November: Stacy Keach. US-amerikanesche Schauspiller.
- 9. November: Jean-Claude Asselborn (Jean Sorrente), lëtzebuergeschen Auteur.
- 6. November: Sebastián Lelio, chileenesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- ≤ 6. November: Fred Becker, lëtzebuergesche Moler a Galerist.
E Bléck op…
Aner Wikimediaprojeten
Meta-Wiki– Koordinatioun
Commons– Medien
Wiktionnaire – Dictionnaire
Wikibooks – Léierbicher
Wikiquote – Zitater
Wikiversity – Léierplattform
Wikisource – Quellen
Wikinews – Noriichten
Wikidata – Wëssensdatebank
Wikivoyage – Reesguiden
MediaWiki – MediaWiki-Software
Wikispecies – Datebank fir Liewewiesen
Wikifunctions – Funktiounsbibliothéik
