Haaptsäit
Wëllkomm op der Wikipedia op Lëtzebuergesch!
Am Moment gëtt et 68.012 Artikelen an 109 aktiv Benotzer, an all Mount kommen Dosenden nei Artikelen derbäi.
Jidderee kann hei matmaachen – och Dir!
Aktuelle WikiProjet: Buergermeeschteren
Wousst Dir schonn, datt…

- … an der Fotothéik vun der Stad Lëtzebuerg eng 6 Millioune Fotoen an Negativer vun 1855 bis haut iwwer d'Stad Lëtzebuerg versuergt ginn?
- … de Salar de Uyuni mat enger Fläch vun 10.582 km² déi gréisste Salzwüst op der Welt ass?
- … den Nicolas Kinsch vun Esch-Uelzecht vun 1959 bis 1967 Äerzbëschof vu Kisangani (Demokratesch Republik Kongo) war, den James Schwebach vu Platen 1891-1921 Bëschof vu La Crosse (Wisconsin) war; de Jacques Mangers vu Stolzebuerg vun 1953 bis 1964 Bëschof vun Oslo war; de Jean-Baptiste Fallize vun Harel 1892-1922 Apostolesche Vikar vun Norwegen war an de Michel Fallize och vun Harel 1889-1910 Generalvikar vun der Diözes Dacca (Bangladesch) war?
- … d'Our, d'Sauer an d'Musel op deene Stécker vun hirem Laf, wou se d'Grenz tëscht Lëtzebuerg an Däitschland maachen, e Kondominium sinn?
- … de Pont de Fer zu Huy an der Belsch entgéint sengem Numm net aus Eisen, mä aus Bloem Steen ass?
Artikel vun der Woch

D'Iwwerreschter vun der Réimervilla vu Giewel, am Bëschelchen Miecher tëscht Giewel, Simmer a Nouspelt, goufen 1964 vum Georges Kayser entdeckt. No sengem Doud hunn D'Georges-Kayser-Altertumsfuerscher, eng Ekipp vu Fräiwëllegen, d'Ausgruewungen, déi hien ugefaangen hat, weidergefouert. Bis haut sinn op där 5 Hektar grousser Plaz 7 stenge Gebaier an 2 Pëtzer fräigeluecht ginn. D'Villa louch laanscht enger klenger réimescher Niewestrooss vum Kiem vu Reims op Tréier.
D'Villa ass, an hirer Ufanksphas, en typescht Beispill vun engem gréissere galloréimesche Akerbau-Betrib aus der Provënz Gallia Belgica. Aner handwierklech Beruffer wéi Schräiner, Schmadd, Schouster a Kuelebrenner, sinn duerch Fondstécker oder Strukture beluecht. Austereschuelen, Pärelen, Tréierer Sprochbecher, Schlaangefuedemglas, Fënsterglas, Amphore mat spueneschem Wäin, Wandmolereie mat floralem Muster zeie vun engem gewësse Luxus.
Wärend der Zäit vun der Vëlkerwanderung goufen d'Gebaier um Enn vum 4. oder ufanks vum 5. Joerhonnert verlooss, a sinn dono zesummegefall... > méi

Op engem 12. Oktober
- 1544: Gebuert vum Jean Bertels, Abt vun der Abtei Neimënster an Iechternach, Chronist an Historiker.
- 1576: Doud vum Maximilian II., Keeser vum Hellege Réimesche Räich.
- 1721: Den Emmanuel Limpach, Abt vun der Abtei Iechternach, kënnt op d'Welt.
- 1798: De Pedro I., Keeser vu Brasilien, als Pedro IV. Kinnek vu Portugal, gëtt gebuer.
- 1889: Gebuert vun der US-amerikanescher Diplomatin Perle Mesta.

- 1915: D'Regierung Mongenast gëtt vereedegt; si bleift just 25 Deeg am Amt.
- 1931: Zu Rio de Janeiro gëtt d'Christusstatu, déi vum Heitor Silva Costa entworf gi war, um Corcovado ageweit.
- 1935: Den italieenesche Sänger Luciano Pavarotti kënnt op d'Welt.
Kierzlech Verstuerwen

- 6. Oktober: Eva Marie Saint, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 4. Oktober: Dennis Hastert, US-amerikanesche Politiker.
- 3. Oktober: Albert Rueprecht, éisträichesche Schauspiller.
- 27. September: Bernard Verley, franséische Schauspiller.
- 24. September: Marina Vlady, franséisch Schauspillerin.
E Bléck op…
Aner Wikimediaprojeten
Meta-Wiki– Koordinatioun
Commons– Medien
Wiktionnaire – Dictionnaire
Wikibooks – Léierbicher
Wikiquote – Zitater
Wikiversity – Léierplattform
Wikisource – Quellen
Wikinews – Noriichten
Wikidata – Wëssensdatebank
Wikivoyage – Reesguiden
MediaWiki – MediaWiki-Software
Wikispecies – Datebank fir Liewewiesen
Wikifunctions – Funktiounsbibliothéik

